D’Konsulat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg invitéiert häerzlech op eng Informatiouns-Veranstaltung iwwert ee vun de spannendste Felder vun der
Zukunft: d’Quantentechnologien.
Zesumme mat Partneren aus Wëssenschaft a Wirtschaft gi mir en Abléck an déi nei Entwécklungen, Méiglechkeeten an d’Potenzial vun dëser Technologie.
📅 Freides, den 28. November 2025, um 16:00 Auer
📍 BTV Stadtforum 1 / Tonhalle, Innsbruck
No de Virträg a Paneldiskussioune gëtt et e Stehempfang mat Geleeënheet fir ze netzwierken.
👉 Umeldung bis de 15. November 2025 ënner:
https://umfrage.uibk.ac.at/limesurvey/allgemein/717631?lang=de
Mir freeën eis op äre Besuch!
Den 30. & 31 Oktober 2025 fënnt déi 39. Studentefoire um Campus op der Uni.lu zu Belval statt, wou Schüler/Schülerinnen an och aktuell Studenten sech kennen iwwert Studienangeboter erkënnegen. Donieft wäerten Studentencerclen wei och den LSI ob béiden Deeg present sinn, fir kennen wichteg Informatiounen ronderëm eis Stad an Universitéiten kennen ze ginn. Mir freeën eis op iersch!
Den 9. Oktober 2024 huet Abteilung vum Relationship Management vun der Universitéit Innsbruck an den lëtzebuerger Honorarkonsul zesumme op Netzwerktreffen "Universität Innsbruck verbindet - Luxemburg im Fokus" agelueden. Nieft de léiwen Grußworte vum Vizerektor fir Fuerschung Univ.-Prof. Dr. Gregor Weihs, der Landestagspräsidentin Sonja Ledl-Rossmann an eisem lëtzebuerger Honorarkonsul Monsieur Armand Hausmann, konnt een sech ob e spannende Virtrag vum letzebuerger Ambassadeur vu Wien SE Jean Graff freeën, wou iwwert déi wirtschaftlech Entwécklung vu Lëtzebuerg geschwat gouf a wei eng bedeite Relatioune Lëtzebuerg mam Bundesland Tirol an Éisträich huet.
Mir als LSI soe villmools Merci fir d'Aluedung an déi spannend Vorträge.