Den LSI

Mir als Vetrieder vun de Lëtzebuerger Studenten zu Innsbruck sinn Responsabel den Studenten an hirem Alldag ze hëllefen an ze ënnerstëtzen.

 

Als Plattform vir mat eise Studenten ze kommunizéieren benotze mer d’Säit vun de Lëtzebuerger Studenten zu Innsbruck, de Siggi op Facebook an op Instagram.

 

Dat ganzt Joer iwwer bidden mir verschidden Eventer wou all Mënsch mat enger Memberskaart vun eis kann deel huelen.

 

Dëst sinn ënnert anerem Bowling, LaserGame, Paintball, Törggelen, Daf, Pub Quiz, Beerpong Tournoi oder eise Welcome Owend an nach vill weider Events. All Donneschden ass dann och Stammdësch, entweder am Dinzler oder am 6020. Check dofir am beschten eng Kéier de Siggi op Instagram. Donieft organiséiere mir och traditionell ee Bal mat dem Wiener Cercle (LSW) zesummen zu Lëtzebuerg, den Hüttenzauber. 

 

Mir iwwerschaffen am Moment eis Broschür, bis dohi kanns du dech mat der Editioun 2020 informéieren, fir all weider Informatiounen, kanns du dem Siggi op Instagram schreiwen, dee weess bal alles iwwert d'Uni zu Innsbruck an iwwer Innsbruck selwer a kann dir weiderhëllefen.

Download
Informatiounsbroschür 2020.pdf
Adobe Acrobat Dokument 12.0 MB

De Siggi

Ech sinn de Siggi! D'Murmeldéier an d'Maskottchen vum LSI! 

Waat mecht den LSI? An desem kuerzen Video gidd Dir alles iwert eis gewuer!


v.l.n.r. Jim, Yann, Chris, Aileen, Jeff, Laurent, Larissa, Cathy, Rick, Jo K., Jo E., Carlo, Yannick, Luca, Charel, Philippe, Paul
Comité 2023/24 v.l.n.r. Jim, Yann, Chris, Aileen, Jeff, Laurent, Larissa, Cathy, Rick, Jo K., Jo E., Carlo, Yannick, Luca, Charel, Philippe, Paul