Innsbruck - In the Heart of the Alps

 

Innsbruck befënnt sech am Weste vun Eisterräich am Dall vun zwou Gebiergsketten. Als Haaptstad vun Tirol gëtt Innsbruck nërdlech vun der Nordketten, der südlechster Kette vum Karwendel, gekréint an am
Süde leien d’Zentralkette vun den Alpen mam Patscherkofel, dem Hausberg, der Stad zu Féiss. Duerch den Dall, dem Inntal, fléisst, wei den Numm et scho seet, de Floss Inn. Vum Schwäizer Majolapass bis zu senger Mëndung an d’Donau zu Passau, leet den Inn 517 km zeréck an ass esou ee vun de gréissten Alpenflëss iwwerhaapt.

Mat ronn 150.000 Awunner, wouvunner em di 30.000 Studente sinn, ass Innsbruck di meescht bewunnte Stad an Tirol an di fënneftgréissten, dat no Wien, Graz, Linz a Salzbuerg, a ganz Eisterräich.

 

 

D’Bréck iwwert den Inn

 

D’Regioun em den Inn, wou sech haut Innsbruck befënnt, ass scho vun der Steenzäit un bewunnt. 15 v. Chr. hunn d’Réimer hei de Kastell Veldidena am heidege Staddeel Wilten erriicht. Duerch seng geografesch Lag, wou d’Stroossen aus der italienescher Brennerregioun (de Brennerpass ass den nidderegste Punkt fir iwwert den Alpenhaaptkamm) mat den Viralpenstrooßen, v.a. och aus Däitschland, zesumme koumen, war Innsbruck scho frei eng wichteg Stad fir Handel an Transitverkéier.

1133 hunn di bayresch Grofe vun Andechs am heidegen Deel St. Nikolaus en Maart opgeriicht. De mëttelalterleche Grondstee fir d’Zukunft fir d’Duerf, dat 1167 fir d’éischt als Inspruk, wat esou vill heescht wei d’Bréck iwwert den Inn, erwäänt gouf, war geluecht.

 

Iwwert d’Joren gouf d’Duerf um Waasser weider ausgebaut a gouf zwëschen 1187 an 1204 zur Stad mat Rechter erhuewen. 1420 gëtt Innsbruck da souguer zur Residenzstad vun den Tiroler Herzogen ernannt an erlieft ënnert dem Kaiser Maximiliam I (1459-1519) säin Héichpunkt. 

 

 

Ënnert dem Kaiser Maximiliam I, deen net nëmmen als leschte Ritter, mee och als éischten Europäer bezeechent gëtt, entsteet ënnert anerem d’Warzeeche vun Innsbruck: d’Goldene Dachl. Innsbruck war deemools de Mëttelpunkt vun Europa a war duerch d’Mënzprägerei zu Hall, wou den éischten Taler an d’ Gebuertsstonn vum Dollar war, d’Welt mat gepräägt.

U weider Bekanntheet huet Innsbruck vun 1806 bis 1814 duerch Fräiheetskämpf ënnert dem Kommando vum Andreas Hofer, deen 1810 vum Lëtzebuerger Michel Eiffes zu Mantua an Italien higeriicht gouf, géint di bayresch an napoleonesch Truppe gewonnen. 

 

 

No schwéieren Zäiten am 20. Joerhonnert, v.a. duerch den Zweete Weltkrich, ass Innsbruck zu engem Zentrum vum Wantersport ginn an hei goufen 1964 an 1976 di Olympesch Wanterspiller ausgedroen.

Innsbruck erfreet sech haut un engem groussen kulturellem Räichtum an enger moderner Architektur dank dem Zaha Hadid. A wann och Wien di offiziell Haaptstad ass, sou ass Innsbruck awer definitiv d’Sportshaaptstad vun Eisterraich.

 

Innsbrooklyn

Innsbruck brauch sech sécherlech net hannert Stied wei Wien oder Salzburg oder aner Metropolen ze verstoppen. Als Studentestad ass Innsbruck jonk, modern a sportlech. Egal op Kultur, Sport oder Nuetsliewen, zu Innsbruck ass ëmmer eng lass. Mee net nëmme bei Studenten, mee och bei den Touristen ass Innsbruck enorm beléift, wat een un de

Masse vun Italiener a Busse vu
Chinese gesäit. Zousätzlech ass Innsbruck e Knuetpunkt zu all Schigebitt. Néierens soss kann een innerhalb vun 20 Minutten an esou vill verschidde Schigebitter si wei hei zu Innsbruck.
[
https://www.innsbruck.at]