HOW MUCH IS THE FISH?!

Intercercle Ugly Skiing Day!

Sonnebrand, Béier & Schnéi...

Et ass rem Ugly Skiing Day!

 

Nom Succès vun den éischten Editiounen, invitéiert den LSI och dëst Joer nees op den USD!
Schlecht Musek, ellen Kostümer an déi schéinsten Vue!
Op 2340m am Schigebit vun der Axamer Lizum, feieren mir déi wuel ellensten Studenteparty vum Joer.

 

 


Um Programm stinn:

-Freides 5.4

Welcome Owend mat tiroler Kascht 

3 Gänge Menü an engem typeschen Lokal

 -Samschdes 6.4

Fräibéier - Ugly Skiing Day - Mausefalle

 -Sonndes 7.4

Innsbruck & Chill - Mir erhuelen eis um Inn

Ofrees


Gëtt do och Schi gefuer?

Ma sécher dat! Mee et ass keen Muss! Och als Foussgänger kenns du dësen Dag voll op deng Käschten! Mat Ski bass du méi flexibel, an hues keng Waardeschlaang, fir vum Bierg erëm erof ze kommen.

Wei kommen ech dohin?

Den LSI organiséiert den Transport an d'Schigebitt mat eegenen Busser. Op den Bierg kenns du mam Lift, den Schipass fir Foussgänger oder Schifuerer muss du selwer bezuelen. (Studienausweis net vergiessen ;)

Wou schlofen ech?

Mir hunn eng begrenzten Unzuel u Schlofplazen déi eis Memberen bei sech doheem zur Verfügung stellen.

Hei fir w.e.g. frei genuch umellen.

Alternativ: Jugend Herberg, Hotel, Airbnb...


Wei kommen ech op Ibk?

Lux-Ibk/Ibk-Lux

Wien-Ibk/Ibk-Wien

München-Ibk     Ibk-München

Fernbus

Zuch

(Fliger)

 

Wat kascht dat ganzt?

12 € just Bus

30 € Intercercle (Resto,Wegbier, Bus)

Am Präis net abegraff sinn:

 Schipass

 Verfleegung um USD

Wei mellen ech mech un?

Umellung firaussichtlech ab Februar 2019 rem meiglech ;)

 

 


Kontakt:

Fro den Siggi!

 

Schreif eis op Facebook!

 

Oder maach eis eng Mail,

contact@lsi-students.at

 

LETZEBG.STUD.INNSBRUCK
LU30 0019 4655 5274 5000

 

E grousse Merci eisen Sponsoren & Partner!