Quizowend - Home Edition

Leider kenne mer kee Pubquiz zu Innsbruck maachen, dowéinst hunn den LSI an ech, eis dofir entscheet dass mer einfach een online Quiz maachen, live op Instagram.

 

Dëse Quiz wäert iwwer 3 Owender nächst Woch um 18:00 stattfannen:

 

- Den Dënschden 14.04

- Den Donneschden 16.04

- De Samschden 18.04

 

Jidderee ka matmaachen, der musst ärch net umellen, dat eenzegt wat der musst maachen ass um 18:00 wärend deenen 3 Deeg op Instagram meng Story'n (@siggi_lsi) kucken an déi Froen déi ech ausgeschafft hunn richteg beäntweren.

 

Natierlech gëtt et och eppes Klenges ze gewannen. No deenen 3 Owender wäert ech een, den déi 3 Owender matgespillt huet, lousen an de gewënnt dann een exklusive LSI Package.

 

Iwwerbréckt mam LSI a mat mer är Langweil wärend dëser Zäit, maacht mat bei mengem Quiz!

 

See you on Instagram!

 

Ech freeë mech schonn drop.

 

Äre Siggi

 

#BleiftDoheem #staysave