13.03.2020 - Communiqué vum President

Léif Studenten, Frënn a Kolleegen,

aus gegebenem Ulass vum COVID-19 wenden ech mech op dësem ongewinnte Wee un Iech! Ech wëll Iech heimadden informéieren an awer och berouegen!

De COVID-19 hällt ons momentan an Otem, net nëmmen Eisterräich oder Lëtzebuerg, mee d'ganz Welt. Et ass eng Situatioun, dei fir vill vun ons komplett nei ass. Et fillt een sech wei an enger Krichssituatioun an awer gesäit een de Geigner net. Mee en ass, kleng, onsiichtbar an heimtückesch: de Coronavirus, SARS-CoV-2.

Et huet ons als LSI-Comité am Häerze wéigedoen, dass mer ons Eventer bis op Weideres all missten ofsoen. Mee et ass eng néideg Konsequenz op déi aktuell Situatioun an dat Bescht fir ons aller Gesondheet. An ech kann Iech versécheren, mir schaffe lo scho un Eventer fir Iech an enger Zäit nom Coronavirus!

Mir halen d'Situatioun, wei sou vill vun Iech och, genausten am Aen a stinn an enkem Kontakt mam Honorarkonsulat zu Innsbruck an der Botschaft zu Wien.
Vill vun eis, sinn oder wäerten an den nächsten Deeg zeréck Heem op Lëtzebuerg fueren, fir dës komplizéiert Situatioun bei der Famill a mat Kolleegen ze verbréngen. Hei ass et esou, dass et vu Säite vun den Eisterräicheschen Autoritéiten eng Reeswarnung an all europäescht Land gëtt. Och wann et bis lo keng Empfeelung vum Lëtzebuerger Ausseministère gëtt, dierf a kann d'Méiglechkeet net ausgeschloss ginn, dass den Zäitpunkt kennt wou mer fir eng Zäitchen entweder net méi vun Innsbruck op Lëtzebuerg oder vu Lëtzebuerg op Innsbruck kommen. Dat hänkt vun der weiderer Entwécklung vun der Situatioun of.

Egal wat weider geschitt, mir mussen den Autoritéite vertrauen. An och wann mer net mat hire Mesuren averstane sinn, och wann mer selwer de Sënn dovun net agesinn, ass et em sou méi wichteg, dass mer eis all zesummen un di nei Spillreegelen halen. Et ass zum Schutz vun ons all a se kënnen nëmme klappen, wann all Eenzelene vun ons se drun hält.

80% vun den Erkrankunge verlafe komplikatiounslos a sinn "harmlos". Mee leider ass dat an 20% net de Fall an an ongeféier 3,5% am globale Schnëtt verstierwe souguer. Dës Léit, di en schlëmme Verlaf hunn, sinn haaptsächlech Leit aus de Risikogruppen. Risikogruppe sinn déi Léit, di al sinn (iwwer 60), krank sinn oder eng Immunschwächt hunn. Et gëllt momentan virun allem dës ze schützen. Et sinn ons Bomien a Bopien, mee et kennen och ons Elteren, Noperen, Frënn a Kolleege sinn!

De Virus huet ons Gesellschaft erreecht an e wäert seng Plaz doranner fannen. Et gouf eng Zäit virum Coronavirus, lo gëtt et eng Zäit mam Coronavirus an et wäert mat Sécherheet och eng Zäit nom Coronavirus ginn. D'Zäit wäert kommen, wou mer ons d'Liewen erëm sou féiere kennen, wei mer dat nach virun e puer Wochen an Deeg gemaach hunn.

Dofir hei mäin Appell un Iech: Mir mussen d'Situatioun an de Virus eescht huelen! Wäscht Iech Är Hänn! Soll der krank sinn oder Iech krank spieren, bleift doheem an haalt Iech vun deene Léit di besonnesch a Gefor sinn, fort. Mee verméid awer och grouss Mënschemassen a reduzéiert de soziale Kontakt. D.h. net dass der musst ophale mat liewen, d.h. nëmmen dass wann all Mënsch sech selwer e bëssen aschränkt am Alldag, e ganz ganz vill fir seng Matmënsche bewegen kann!

Gleeft awer och net alles wat op de soziale Medie geschriwwe gëtt. Et si momentan ganz vill Fake News a Gerüchter ënnerwee, an d'Welt gesat vu Léit di sech e Spaß aus der Angscht vun anere mann, sech wëlle wichteg fillen oder mengen dat Wonnescht wat se géife mann! Gleeft hinnen net! Informéiert Iech op de Sitë vum Land Tirol, vum Bundesministerium für Gesundheit oder bei der Lëtzebuerger Regierung. Schlecht a falsch Informatioun féiert nëmmen zu Panik. A Panik brauch keen ze hunn! Hamsterkeef si komplett iwerdriwwen an Diskriminéierung vun anere Léit total iwwerflësseg.

Mir setzen als Mënschheet all zesummen an engem Boot. Och wann Länner hier Grenzen zoumaachen oder kontrolléieren, de Virus kennt weder nach. Fir hie si mer all gläich. An nëmmen zesumme kenne mer de Kampf géint dëse Coronavirus gewannen. Dofir, och wann et Iech net gefält, verzicht op Partien a Plaze wou vill Léit sinn, halt Distanz a wäscht Iech Är Hänn, bleift doheem wann der krank sidd a passt extra gutt op di al a gebriechlech Matmënschen op! Hëlleft och hinnen, sech ze schützen.

Wann mer ons selwer schützen, da schütze mer och all déi aner. Also Win-Win!

Loosst ons zesumme kämpfen a schützen! Bleiwe mer roueg, huele wei et kennt a loosst ons zesummen onst Bescht mann!

Bei Froe sti mer Iech zu all Moment zur Verfügung! Passt op Iech op a bléift gesond!

Merci!

 

Frank Jagusch
President LSI