LSI goes Ugly Skiing Day Intercercle 2020

 Vum 03.04 - 05.04 ass Innsbruck rëm zeréck an den 80's, et ass nämlech den Weekend vum Ugly Skiing Day, an do heescht et sech sou geckeg an faarweg wei méiglech unzedoen an genau wei an den 80's ze feieren.

 

Well dat natierlech net duergeet geet et erop ob den Bierg wou ob 2340 Meter déi beschten Party vum Joer stattfënnt an dat den ganzen Dag laang.

 

 Ganz gläich fannt dir hei den ganzen Programm vun eisem Ugly Skiing Day Intercercle.

 

Wat mer bis lo verroden kennen: et gëtt rëm en mega Weekend!

 


Stay tuned!